... Dany Timoteo

Gebuer : 12.12.1982

Positiun : Stiermer

Vereiner : CS Habscht, FC Orania Veinen, FC 72 Ierpeldeng, FC Orania Veinen


1. Waat war déin flottste Moment am Fussball ?

 

Do ginn et e puer schéi Momenter, an zwar wou ech mat 17 Joer hunn dierfe mat a Mazedonien fléie, fir do géint FK Pelister Bitola de UI-Cup ( haut Quali fir Europa-League ) ze spillen (18 Juni 2000).

Mat 18 Joer hatt ech dann erëm d’Chance fir géint Dinamo Minsk am Dynamo Stadion de UI-Cup ze spillen. (16 Juni 2001). Dem deemolegen Trainer Leider Nico hunn ech dat ze verdanken.

Zum Schluss nach de Gewënn vun der FLF Coupe mam FC Orania Veinen, onvergiesslechen Dag a super Stëmmung zu Mäerzeg um Terrain.

 

 2. Wat war déin schlëmmste Moment am Fussball ?

 

Wou mir mam CS Habscht zu Wolz an der ½ Final vun der Coupe du Luxembourg gespillt hunn, mir ware Favorit well dat Joer Wolz ofgestiegen ass an awer hu mir mat 2-1 verluer. Dat war eng béis Enttäuschung well mir do d’Chance verpasst hunn fir eng Coupefinal ze spillen.

 

 3. Wee war déin beste Matspiller ?

Do ginn et 3 Matspiller déi zum Deel, wann een dat esou duerf soe, meng Carrière geprägt hunn:

1. Den Ahmed Zerrouki huet mat mir zu Habscht gespillt, 1.82 grouss, super Techniker an och sympathesche Kärel.

2. Den Gilles Majerus vu Veinen. Mir hunn eis um Terrain praktesch blann verstan an zesumme vill wichteg Goaler geschoss. 3. Den Richard Staats. Mat him verstinn ech mech och super um Terrain, super Techniker, dribbelstaark a schnell.  Huet alles fir ee ganz gudde Fussballspiller ze ginn